FC Olympique Eischen
Grënnung vum FC Olympique Eischen
1917
Grënnung vum FC Alliance Äischdall
30.03.2007
FC Alliance Äischdall
Den 30.03.2007 hunn déi zwou 1. Divisiouns Equipe den FC Olympique EIschen an den CS Hobscheid fusionéiert an et gouf den FC Alliance Äischdall gegrënnt. Dësen ass dann an der Saison 2007/08 an der 1. Divisioun un den Start gaange.
Grënnung vum CS Hobscheid
1932
CS Hobscheid
Meechter 1. Divisioun 1. Bezierk
05.2012
Opstig an Eirenpromotioun
Et ass deen leschten Match vun da Saison 2011/12. Den FC Alliance Äischdall brauch nach een Punkt fir als Meeschter opzesteigen. Den Géigner heescht Daring Club Echternach. 2:2 stoung et zum Schluss an soumat spillt den FC Alliance Äischdall fiert éischten kéier an der Eirenpromotioun zënter der Grënnung
Renovatioun vum 1. Terrain
06.2013
Neien Terrain zu Habscht
2013 gouf den Habschter Terrain renovéiert. Ënnert der Leedung vun Cubus Architectes Sàrl (Pit Hoffmann) huet den Projet am Juni 2013 ugefaange. Dat ganzt huet 1.598.467,80€ kascht.
Ofstig an 1. Divisioun 1. Bezierk
2014
An der 2. Saison an der Eirenpromotioun sollt et dann net sinn. Den Alliance Äischdall steet zum Schluss vun der Saison op der 12. Platz mat insgesamt 19 Punkten woumat et fir den Äischdall an Relegatioun géint den FC Minerva Lintgen geet. Do steet et no 120. Minutten 2:2. Am Eelefmeterschéissen mussen mir eis mat 2:4 geschloen ginn.
Relegatioun ouni Erfolleg
Renovatioun vum 2. Terrain
03.2020
7 Joer nom éischten Terrain gouf dann zu Habscht och deen zweeten Terrain a jour gesat. Dëst ënnert der Leedung vun Karp-Kneip Constructions SA.
Renovatioun 2. Terrain
Ofstig an 2. Divisioun 1. Bezierk
2023
An der Saison 2022/23 ass et rëm net duergaangen fir an der Divisioun ze bleiwen. Mir mussen géint den FC Gilsdref zu Bissen erun. Leider mussen mir eis do geschloen ginn an ginn fir d'éischten kéier erof an déi 2. Divisioun.
Eng weider Relegatioun ouni Success