top of page

FC Alliance Äischdall 3:2 FC Racing Troisvierges

Noah Rommelfanger

4. Sept. 2023

Deen 3. Match hannerenee gëtt de Match gedréint an de Äischdall gewënnt.

Seniors M

De Ball vum zweeten Spilldag, gouf vum List René gesponsert. Seng Enkelin konnt de gesponserte Ball unscheissen.


Nodeems den Arbitter 2min virun 16h00 ugepaff hat, an d‘Alliance Äischdall direkt nom Ustouss no vir gelaf ass, konnte sinn no knapps 30 Sekonnen mat 1:0 Féierung goen.Nodeems de Ball schéin erausgespillt ginn war, an de Verdeedeger vun Ëlwen zum éischten de éischten Schoss op der Linn klären konnt, ass de Ball no vill Chaos beim Rafael , den de Ball schéin an de laangen Eck geschoss huet.



Knapps a Féierung, hunn sech Spiller vum Äischdall eng kleng Paus geholl, an de Match direkt rëm aus der Hand ginn. Jonge sinn net an Zweekämpf komm an hunn soumat de Jongen vun Elwen de Match gelooss. Dat sollt och net laang gutt goen.


Knapp 10 Minutten lung de Äischdall vir, bis Elwen an der 12. Minutt sech relativ einfach duerchgespillt huet an den Ausgläich markéiert huet.



An der 15. Minutt huet de Jordi am leschten Drëttel no enger Feelpass de Ball verluer, doropshin konnt Elwen een proppere Konter iwwert déi Lenks Säit spillen an a Féierung goen.



Vum Äischdall ass weiderhin keng Reaktioun komm, an huet Elwen de Match maache gelooss .


No der Drenkpaus an der 25. Minutt, ass de Sam Verletzungsbedengt ausgewiesselt ginn. Fir hien ass den Alex rakomm de rëm bëssen frëschen Wand an de Match bruet huet.



De Match ass dunn fussballeresch awer net vill méi interessant ginn. Op béiden Säite gouf de Ball net méi lafen gelooss, an de Match ass bëssen zerfall.


Halbzeit


Nodeems eise Coach, d’Jongen an der Hallschent waakreg gerëselt huet , sinn sinn wei schonn déi lescht Woch, ganz staark aus der Kabinn komm.Vun Elwen ass net méi vill komm, wat et dem Äischdall einfach gemaach huet, de Match ze kontrolléieren.



An der 62. Minutt war et esou wäit Elwen huet den Ausgläich kasséiert. Nodeems den Alex eng Flank vu riets kritt an sech am Kappballduell schéin duerchsetzen kann, lung de Ball am Goal.



Nom Uschloss konnt Elwen sech net méi richteg an de Match zeréckkämpfen, sinn waren du scho midd. Dat hunn Spiller aus dem Äischdall gespuert an hunn déi lescht 15 Minutten nach eemol op Zänn gebass.


Elwen konnt den Drock vum Äischdall net duerhalen an huet missen an der 80. Minutt den 3:2 kasséieren. Nodeems de Ball iwwer puer Emweer de Wee bei de Ruben fonnt huet, huet hien de Ball just nach missen aus ronn 11m laascht 10 Mann schéissen.



Och nom 3:2 ass vun Elwen net méi vill komm. De Äischdall konnt déi lescht 10 Minutten relativ entspaant de Match op den Ee spillen.


Am grousse Ganzen, eng verdéngt erkämpften Victoire fir d‘Alliance Äischdall. D‘Equipe vum Andy Schumann muss an Zukunft awer oppassen net ze vill an der éischter Hallschent ze verfalen, soss kann et mol eemol schief ausgoen, ee Réckstand mussen opzehuelen.


Allez Äischdall

bottom of page