top of page

FC Alliance Äischdall 3:0 FC Ehleringen

Pit Fischbach

7. Sept. 2023

Seniors M

Nodeems eis Jongen déi éischt 2 Championnatsmatcher fir sech entscheede konnten, hunn se dëse Mëttwoch an der Virronn vun der Coupe de Luxembourg géint Éilereng gespillt.

Den Trainer huet dobäi folgend Spiller opgesat:



Aneschters wei bei deenen 2 Championnatsmatcher ware Jonge vun Ufank un am Match an hunn sech hannen och net vill Feeler erlaabt. De Match war an der éischter Hallschent zimmlech roueg an et goufen zwar ob béide Säite gutt Chancen, et sollt awer kee Ball regulär de Wee an de Goal fannen, soudass mer no 45 Minutten zwar 3 Abseitsgoaler gesinn hunn mee de Match mat engem 0:0 an Hallschent gaangen ass.


An der 2ter Hallschent war den Aischdall da vun Ufank un Spill bestëmmend.



Laang Zäit huet et no engem 0:0 an domadder no enger Verlängerung ausgesinn, éiert an der 80 Minutt de Rafael no enger gudder rausgespillter Pass an der Mëtt um Trikot gezu gouf an den Arbitter bal keng aner Wal hatt wei ob Eelefmeter ze entscheeden. Eise Kapitän huet sech de Ball geholl an dësen Eelefmeter äiskal verwandelt.



Jongen hunn dono weiderhin no fir gespillt a wollten de Sack schnellstméiglech zou man. Nodeems eise Kapitän an der 85 Minutt ob der rietser Säit gefoult gouf, gouf de Fräistouss Richtung 16 Meter zréck gespillt, wou de Luca Palgen mat engem wonnerbaren Schoss dem Goalkeeper keng Chance gelooss huet an d´Virentscheedung erziele konnt.




Dei endgülteg Entscheedung huet dann och net laang ob sech waarde gelooss. Nodeems Éilereng alles no fir geschmass huet, waren se hanne ganz weit ob, soudass de Rafael mat enger gudder Pass am Mëttelfeld ob Rees geschéckt gouf an de Ball eleng virum Goal nëmmen nach laanscht de Goalkeeper setze misst.





Nodeems de Match Entscheet war, gouf dësen an der 3ter Minutt vun der Nospillzäit leider nach eng kéier onnéideg Hektesch. Nodeems ee Spiller vum Aischdall schro gefoult gouf, krut dësen sech net beherrscht an huet de Spiller doropshi fort gedréckt, soudass et zu enger klenger Ruddelbildung komm ass. De Ruben an ee Spiller vun der Éilerenger Bank kruten no dëser Aktioun déi Roud Kaart, soudass fir déi lescht puer Minutten um Terrain nach 10 géint 11 weider gespillt gouf.



Ee weidere schroe Foul vu Éilereng huet doropshin net vill dobei zougedroen, dass sech den Match rëm berouegt. Um Enn huet sech den Aischdall awer verdéngt duerchgesat, soudass se dëse Sonnden an der Coupe de Luxembourg géint Reimech/Bous, déi sech momentan an der éischter Divisioun befannen, spillen dierfen.

bottom of page