Logo
Alliance Äischdall 4-1 FC Green Boys Harlange
Seniors

Alliance Äischdall 4-1 FC Green Boys Harlange

Waat een Ofschloss vun der Saison!!

Nodeems et trotz gudder Reckronn net duergangen ass missten eis Männer zu Ell am Barrage géint den FC Green Boys Harlange untrieden. Virun 1600 Leit hunn Sie vun der eischter Minutte un gaas ginn an sinn an der 17' Minutte vir d'eischt belount ginn wou den Futsi den Ball an den eidelen Gol leen kunnt no Virlaag vum Palgen.

20250603_1951_AISHAR_087_f23b823b5e.jpg

Keng 10 Minutten mei spéit war et rem den Futsi deen de Ball laanecht den Golkipp leen kunnt an soumat zum 2:0 erheigen kunnt. Den Äischdall haat bis zur Halbzeit nach puer weider Chancen woudurch dei féierung definitiv verdingt war.

Halbzeit

Wei erwaart ass Harel staark aus der Paus komm an et huet keng 3 Minutten gedauert do hunn Sie op 2:1 verkierzt nom Gol vum Mirza Jaserevic. Et stungen 30 laang Minutten virum Äischdall. Den Dan haat am Gol vill ze dinn kunnt Féierung durch awer verteidegen. Och Laat huet zu eisem Gleck matgespillt.

An der 77. Minutte kunnt den Äischdall no engem Aworf fir eng kleng Virentscheedung suergen. Nodems den Pedro den Ball no Virlaag vum Palgen am Gol ennerbrengen konnt. 9 Minutte mei spéit war et rem den Pedro deen dei endgülteg Entscheedung bruecht huet durch den 4:1.

No engem Zweekampf krut den Metti an der Nospillzeit nach dei Rout Kaart dei um Resultat och naicht mei änneren sollt. Domadder bleiwt den Äischdall weiderhin eischt Klasseg an Harel muss leider eng weider Saison an der 2. Divisioun spillen. Mir wenschen hinnen awer eng gut nächst Saison.

Whats_App_Image_2025_06_17_at_11_40_28_1_fb71c7d12a.jpeg