top of page

FC Lorentzweiler ll 4:3 FC Alliance Äischdall ll

Knapp Nidderlag trotz gudden Chancen

Pit Fiscbach

Dënschdeg, 29. August 2023

Een Dag no der Victoire vun der éischter Equipe zu Veianen huet eis zweet Equipe ee Frëndschaftsmatch zu Luerenzweiler gespillt an misst sech um Enn knapp mat 4:3 geschloe ginn.Gespillt gouf mat folgender Opstellung:



Dobäi waren et eis Jongen déi de bessere Start erwegt hunn. Et huet keng 15 Sekonne gedauert bis déi éischt geféierlech Aktiounraus gespillt gouf. No enger schéiner Flank vum Alex misst den Emanuel um zweete Potto nëmmen nach de Kapp dohinner halen. Allerdéngs huet en de Ball net richteg getraff an dësen ass an den aus geflunn. Nodeems zwou weider gutt Chancë leie gelooss goufen, war et Lokalequipe, déi mat hirer éischter Aktioun den éischte Golvum Match markéiert huet.


  • 12. Min. - 1:0 - Onbekannt

No dësem Goal huet sech de Match da bësse berouegt an ass allerdéngs 10 Minutte virun der Paus nach eng kéier ob Héichtouren komm. Nodeems eis Verdeedegung direkt zwee mol geschlof huet, konnt Luerenzweiler iwwert eis lenks Säit duerchbriechen a méi oder manner identesch Goaler markéieren, an deems de Ball ob de 16er zréck geluecht gouf an de Spiller frei zum Schoss komme konnt.


  • 37. Min. - 2:0 - Onbekannt

  • 39. Min. - 3:0 - Onbekannt


No dëse verschlofenen dréi Minutte sinn eis Jongen awer wakresch ginn an hunn direkt am Géigenzuch hiren éischte Goal markéiert. Dest kéier huet d'Flank vum Alex de Wee an de Goal fonnt. Nodeems de Smail nach an der Mëtt knapps da laanscht rutscht, misst den Ismael um zweete Potto nëmmen nach de Fouss dohinner halen.


  • 41. Min. - 3:1 - Ismael Polhoud


De Géigner hatt knapps d´Méiglechkeet den Ustouss ze spillen, do huet de Ball scho rëm an hirem Filet gewackelt. Den Emanuel krut ob 20-25 Meter virum Goal ze vill Platz an huet de Ball onhaltbar an de Wénkel gedonnert.


  • 42. Min. - 3:2 - Emanuel Dupuis


Kuerz virun der Hallschent haten d´Jongen dann nach Méiglechkeet de Comeback ze vollenden, allerdéngs ass de Ball no enger gudder Parat vum Golkipp nëmmen ob d'Lat geflunn.

Zweet Hallschent sollt da bësse méi roueg gi wei déi éischt 45 Minutten. Nodeems Luerenzweiler hier éischt gutt Chance an der 51. Minutten nach leie léist, misst de Mike 10 Minutten drop dann alt rëm hannert sech gräifen.


  • 61 Min - 4:2 - Onbekannt


Och no dësem Goal hunn eis Spiller net opginn an eise Kapitän krut 10 Minutte viru Schluss d´Méiglechkeet fir vun 11 Meter zeverkierzen, nodeems de Jean-Baptiste am Strofraum vum Géigespiller gefoult gouf. Dëss Chance huet de Samuel sech net huele gelooss an de Golkipp an de falschen Eck geschéckt.


  • 79 Min - 4:3 - Samuel Amorim


Mat der leschter Aktioun vum Match haten d´Jongen da souguer nach d´Chance, hier gutt Leeschtung ze kréinen an den Ausgläich ze markéieren. Nodeems d´Abseits Fal vu Luerenzweiler net opgaangenass, stoung de Jean-Baptiste ob eemol eleng virum Goal. Allerdéngshuet en sech den Ball ze weit virgeluecht, sou dass de Golkipp den Ball ze packe krut. Leider huet sech eise Stiermer dobäi verletzt, well de Golkipp an de Jean-Baptiste gläichzäiteg an de Ball gerutscht sinn. Mir wënschen him ob dëser Platz gutt Besserung! Dat sollt dann och déi lescht Aktioun vum Match gewiergt sinn, soudassmer eis net fir ee gudde Match belounen an knapp géint een staarke Géigner verléieren.

bottom of page