FC Mondercange 2:4 FC Alliance Äischdall
No enger schwiereger eischter Halbzeit hunn eis Männer aus engem 2:0 een 2:4 gema.
Kevin Devilers
Méindeg, 21. August 2023
Mat enger gudder dozen Supporter sinn mir fir de leschten Testmatch op Monnerech gefuer.
19h55 gouf de Match dunn ugepaff an et huet lues ugefaange. An der 9. Minutte gouf de geignerege Stiermer vun eisem Verdeedeger am 11 Meter Raum getackelt an et gouf 11 Meter fir Géigner.
1:0 Joao Silva
Jongen hunn sech net ënnerkréie gelooss an hunn weider gespillt. Duerch kleng individuell Feeler koume Géigner awer an der 35. Minutte mat engem laangen diagonalen Ball iwwert d'Bande a mat unschleissender flaacher Flank a Mëtt rëm virun de Gol.
2:0 Oğuzhan Kaylesiz
Kuerz virun der Halbzeit war et dann de Stocki deen de Ball souverän laanscht de Golkipp an de Gol bruecht huet.
2:1 Ken Stockreiser
No der Halbzeit ware Jonge wei ausgewiesselt. Et gouf schéine Fussball gespillt. An der 61. Minutte huet den Dake ee Feeler vun der Verdeedegung Eiskaal ausgenotzt an konnt zum Ausgläich treffen.
2:2 Augustin Dake
Vun de Géigner ass nemei vill koum mee em sou méi vun eis. De Stocki konnt an der 70. Minutte fir Féierung suergen.
2:3 Ken Stockreiser
An der 80. Minutte iwwerspillt de Futsi de Verdeedeger am 11 Meterraum deem doropshin naicht aneres méi konnt maan wei hien ze tacklen. Elefmeter fir den Äischdall.
2:4 Jordi Oliveira
De Jordi bléift Eiskaal virum Gol an erhéicht op 2:4.
Fazit vum Match no enger schwiereger éischter Halbzeit hunn Jongen an der zweeter Halbzeit souveräne Fussball gespillt an de Match gedréint.
Domadder sinn Testmatcher eriwwer an de Championnat ka komme