Logo

FC AS Housen 3:3 Alliance Äischdall

Divisioun 1 Bezierk 1 - 6. Spilldag

📝 Zesummefaassung

Matchrapport – 6. Spilldag


Fir de 6. Spilldag hu mir de Wee vu 50 Minutten an den Norde geholl, bei den FC Amis Sportifs Housen. Bei herrlechem Wieder an engem „semi-gudden“ Béier ass et um 16 Auer direkt lassgaangen.


Housen ass besser an de Match komm, mee déi éischt zwou geféierlech Ofschlëss goufen dem Äischdall zougeschriwwen. No engem schlechte Réckpass stoung den Hugo eleng virum Ex-Nationalgolkipp Ralph Schon am 1 géint 1. De Schon huet staark paréiert – an dat sollt net déi lescht Kéier fir Haut sinn. Direkt am Uschloss huet de Jordi aus 30 Meter geschoss a dëse just knapps laanscht de Bigel gedréint.


Housen huet dono ëmmer méi Drock gemaach a koum och reegelméisseg zu Ofschlëss, déi de Lylian ouni grouss Problemer konnt ofsécheren. Déi éischt richteg Gefor koum erëm no engem Réckpass, wou d’Nummer 90 vun Housen eleng aus 11 Meter zum Schoss komm ass – de Ball ass awer wäit laanscht gaangen.


An der 33. Minutt gouf et e Fräistouss fir den Äischdall. De Ball ass bei de Luca komm, deen net am Abseits stoung, a plëtzlech louch de Ball am Gol. D’Jubel huet net laang gehalen – de Linienrichter huet op Abseits entscheet.


Am direkte Géigenugrëff ass et dann awer geschitt: Schoss aus 16 Meter, de Lylian kënnt net un de Ball deen op de Potto geet an dann ass et den Olivier Dirkes dee richtegt steet a leet de Ball zum 1:0 eran. Net laang dono, kuerz virun der Paus, huet de Mikail Gungor aus 20 Meter ënner d’Lat getraff – näischt ze maache fir de Lylian. An net emol zwou Minutten drop war et nach eng Kéier de selwechte Spiller, dee vu ronn 25 Meter geschoss huet. De Lylian war nach mat de Fangeren dru, virun dass de Ball op d’Lat gaangen ass. Domat goung et mat engem 2:0 an d’Halbzeit.


Halbzeit


No engem Wiessel koumen eis Jonge wéi ausgewiesselt aus der Kabinn. No engem gudden Dribbling vum Hugo huet de Pedro iwwer d’Säit eng präzis Flank op de Mike bruecht, deen iwwert de Ball gefall ass. Den Hugo war awer zur Stell a markéiert de verdéngten Uschloss. Elo war d’Richtung kloer: De Palgen hat eng Chance laanscht de Potto, den Hugo ee Schoss, déi paréiert gouf, an de Fabio stoung esouguer eleng virum Schon – mee och hien huet de Ball net laanscht de Keeper bruecht.


An der 60. Minutt koum dann d’Befreiung: E gudde Ball iwwer riets, de Palgen setzt sech géint zwee Verdeedeger duerch a bréngt de Ball eran. Iwwert Ëmweeër gëtt et zu engem Lupfer – 2:2!


Mee Housen huet séier geäntwert. No engem Solo vun der Nummer 7 ass et séier gaangen, an de Ball louch erëm am Netz – 3:2.


D’Freed bei Housen huet net laang gehalen: Direkt am Géigenugrëff ass de Palgen iwwer riets duerchgebrach, huet de Ball an de Mëttelraum ginn, wou den Hugo mat engem staarke Kappball ausgeglach huet. 3:3!


Duerno ass net vill vun Housen komm, mee den Äischdall hat nach e puer richteg grouss Chancen. De Futsi stoung och nach eemol eleng géint de Schon, mee och hien huet net getraff. Da war et eng duebel-Aktioun vun eise Verdeedeger: De Mex huet mat engem Kappball geféierlech getest, paréiert vum Schon, an dono huet de Luca mat engem Fallrückziher säi Kënnen ënner Beweis gestallt. De Ball ass zwar net eran, mee d’Bild war wäertvoll – leider huet sech de Luca dobäi um Réck wéi gedoen an huet missen ausgewiesselt ginn.


Déi gréisst Chance hat awer den Duarte an der 90. Minutt: no engem Fräistouss huet hien de Ball op de Potto gesat.


Fazit vum Fupa (Noah Rommelfanger)

Domat ginn d’Punkte gedeelt. Eng schwaach éischt Hallschent kascht dem Äischdall hei dräi Punkten. An der zweeter Hallschent koum vun Housen näischt méi Zielbares. Méi ass un sech net ze soen – mir gesinn eis nächste Sonndeg zu Habscht, wou mir déi Gilsdrefer op Besuch hunn.